top of page
Information about the contest

Allgemengen Opruff fir matzeman !

Flott Präiser ze gewannen!

De groussen ADYS Molconcours

fir d’Foire Agricole

Ettelbréck 2024

D’Entreprise ADYS’S Hygiène SARL freet sech heimat de Molconcours fir d’Foire Agrocole Ettelbréck 2023 auszeruffen. Verschidden Kategorien mat repsektive Präiser si virgesin a jiddereen ass härzlech wëllkomm matzemaachen.

ADYS Molconcours fir d’Foire Agricole Ettelbréck 2024 (FAE)

 

 

Thema fir d’FAE 2024

« De Bauerenhaff fir d'Zukunft »

Déi verschidden Partizipatiouns Kategorien sin: 

 

  • Vun 5-12 Joër, « Haaptgewënner Award - Molconcours ADYS FAE24»

  • Vun 12+ bis 99+ Joër : « Erwuessenen Award  - Molconcours ADYS FAE24»

  • Vun 0 bis 5 Joër : « Junior Award - Molconcours ADYS FAE24»

  • Vun 0-99+Joër « Villverspriechend Konzept Award »

  • Vun 0-99+Joër « Think Different Award - Molconcours ADYS FAE24»

  • Vun 0-99+ Joër« Tirage au sort - Molconcours ADYS FAE24»

Bleif um Courant!

Schreif dech an eis Newsletter an! Mir verlousen 30 gratis Entrées-Ticketen fir t'Foire Agricole Ettelbréck 2024!

Merci!

E puer Regelen a Bedingungen: 

 

  1. Format : Din A4 oder maximum Din A3 soll et sin.
     

  2. Mat der Hand op Pabeier : All Sorte vu Faarwen kënnen benotzt gin MEE et ass ganz wichteg datt d’Bild vun engem Mënsch op der Hand op Pabeier gemoolt ass an net een digitaalt Bild ass. Dir musst d’Bild physesch bei eis um Stand op der Foire ofgin an zwar vu Freides, Den 5. Juli bis Sonndes den 7. Juli um 16h. D’Bild ka net ragemailt oder mat der Poste ageschéckt gin ausser am Fall vun extraordinairen Emstänn (Beanträgtegung, krank am Bett, etc.). Loosst Aert Kand ouni Instruktiounen ganz alleng molen. Fir Erwuessener déi onbedéngt wëllen molen, gëtt et ee separaten Erwuessenenepräis. 
     

  3. Verëffentlëchung vum Bild: Mir verëffentlechen all ragereechten Bild op eiser spezifescher Websäit fir de Molconcours: www.ADYSvisions.lu. Ennert d’Bild kommen héchstens folgend Donnéën: just de Virnumm an d’Gebuertsjoër vum Moler wat ee Pseudonym a keng Perséinlech Donné am Sënn vum RGPD/GDPR ass. 
     

  4. Dateschutz: Niewt dem Virnumm a Gebuertsjoer vum Moler wéi am Punkt heidriwwer beschriwwen, brauchen mir och eng Email Adresse vum Moler oder sengem Représentant légal am Fall wou de Moler minderjähreg ass. Dës Emailadresse get fir folgend Zwecker benotzt: Iech no der FAE24 een email ze man wann d’Biller an d'Präisser vergi sin op der spezifëscher Websäit: www.ADYSvisions.lu. Iech separate ze kontaktéieren wann Dir eppes gewonnen hutt. Iech op d’Foiren vun deene nächsten Joër ze invitéieren an Iech iwwer ähnlech net kommerziell Aktivitéiten déi mat oder vum Pictorando Collective organiséiert sin ze informéieren an dëst emmer mat enger Opt-out Optioun. Am Fall vu Problemer oder froën, sidd Dir, kënnt Dir Iech op folgender Email mellen: info@adys.lu

 

Den ADYS Molconcours fir d’FAE 2024, ass organiséiert a finanzéiert vun ADYS Hygiène SARL a Cooperatioun mat der Foire Agricole Ettelbréck, dem Pictorando Collective an der Fairer Mëllech.

Mir sinn och op Instagram an Facebook!

  • Instagram
  • Facebook
MOLCONCOURS.png

« Meng Foire Agricole »

SELEKTIOUN 2023

Thema 2022:
De Bauer / D’Bauerin /
De Bauerenhaff vun der Zukunft

AWARDS 2022

Award Biodiversitéit, Fiona, 8 Joer

Award, Lisa, 4 Joer

Best Adult Award, Pol, 15 Joer

Winner 2021, Yann

Thema 2021: Inspiratioun fir een eventuellt Mascotche fir ADYS HYGIENE

AWARDS 2021

Winner 2021, Flynn

Mir sinn och op Instagram an Facebook!

  • Instagram
  • Facebook
bottom of page